FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'activité fait partie:


Lieu / Espace fonctionnel:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


E Joër am Bëschgrupp

Projet pédagogique

17.09.2018 - 15.09.2019
publié par Jo Hurt
visible au public


Eisen Oflaf vum Bëschjoer hu mer de Joreszäiten, Traditiounen a Fester ugepasst.

 

Am Hierscht fir d'Rentrée hu mer eis kennegeléiert an si no a no zu engem harmonesche klenge Grupp mat verschidde Charakteren, Iddien a Virléiften zesummegewuess. Mir hunn ëmmer probéiert eisen Alldag am Bësch esou ze arrangéieren, dass all Kand zu Sengem koum.

- Am Hierschtstuerm hu mer Blieder danze gelooss, mir hunn eis ënnert di déckeg Beem geluecht an nogekuckt wéi d'Krounen am Wand hin an hier geschwieft sinn. D'Blieder déi erof gefall sinn hu mer probéiert opzefänken, an di schéinste Mosaike domat geluecht. An engems hu mer entdeckt dass et verschidde Formen, Texturen, Faarwe vu Blieder gëtt. Déi riseg grouss Blieder vum Nëssert a Käschtebam géint di kleng filigran Bliedercher vun der Bierk an den Heckestraich.

- Mir hunn eis eng ganz laang Zäit an am Fong bis an d' Fréijoer eran, an ëmmer erëm dermat beschäftegt wéi di Déieren dann de Wanter verbréngen. Wou liewen se, wat friessen se, ware Froen wourop mer eng Äntwert gesicht hun. D'Äntwerten hu mer fonnt, an deems mer d'Aen opgehale hunn. Hei eng ugeknabbert Hieselnoss, do eng komplett verbotzten Fiichtenzaap, eng Hallschent vun enger décker Noss. A souguer unhand vun der Form wéi di Nëss an Zapen ugeknabbert a verbotzt gi sinn konnte mer eraus fannen wat fir en Déier dat war.

- Spannend Geschichten hu mer verzielt, schéi Billerbicher gekuckt an zwou Mauspoppen de Frederick an d'Joséphine hunn eis d' ganzt Joer iwwer begleet.

- De Wanter huet sech och op emol bemierkbar gemaach, et ass ëmmer méi kal ginn.

- De Räif huet sech iwwer d'Natur geluecht, Äiskristaller konnte mer op de Blieder an um verdreschente Gras gesinn. Mat enger Lupp hu mer eis dat mol genau ugekuckt, fir an engems erauszefannen, dass wann d' Sonn duerch eng Lupp op d'Äis schéngt, d'Äis ënnen drënner schmëlzt.

- De Kleeschen ass eis an de Bësch besiche komm an huet eis Boxemännecher mat bruecht. Déi hu mir eis bei enger gudder Tas warmen Téi natirlech dierkt gutt schmaache geloos.

- D'Geschicht vum klengen Dännebeemchen deen e Chrëschtbeemche gouf krute mer verzielt. Mir hunn e groussen Repertoire un Niklos- a Chrëschtlidder, esouguer op franséisch.

- Eng ganz Woch laang si mer mam Schlitt gefuer, hunn Schnéiengelen a mini kleng Schnéimännercher gemaach well net genuch Schnéi do war fir e Groussen.

- Och un eis Frënn d’Villecher hu mer geduecht an hinnen an dëser kaaler Joereszäit Äppel opgehaang an kleng selwer gebastelt Konschtwierker mat Vullefudder.

- Moser a Flechten hu mer ënnersicht a Bengele gesicht wou dëser Planzen drop waren.

- Ganz fläisseg hu mer Bengele gesicht fir e Stär ze bastelen.

- An der Adventszäit hate mer eis Elteren a Gesëschter agelueden fir zesumme mat eis eng kleng Chrëschtveillée ze féieren.

- Mir ware liichten an d'Duerf, vun Haus zu Haus hu mer de Leit Liicht bruecht.

- Wou dunn awer endlech d' Fréijoer koum hu mer et genoss wou d'Sonn eis d'Backen gewiermt huet.

- Di éischt Blimmercher hu mer gesinn, mir konnte gesinn wéi d'Knospen vun de Blieder all Woch méi deck gi sinn bis se op emol am Abrëll opgoungen.

- Mir konnte gesinn wéi aus enger mini klenger Knosp bannen e puer Wochen e fäerdegt Blat ginn ass.

- Mëttlerweil ware mer esou grouss a staark, dass mer eis konnten trauen fir bis op d'Neihaischen bei d'Laanghaus vun de Scouten ze goen. Elo konnte mer soen...eis Kanner si grouss.

- Et ass net méi esou kal um Buedem, mir kennen erëm e bëssi méi laang setze bleiwen fir e flotte Moieskrees ze machen. Déi Kanner déi dat wëllen, sangen eis ganz eleng hiert léifsten Lidd. D'Kanner si begeeschtert fir mat der Uebstkëscht ronderëm ze goen. Hir Kollege kucke wat an der Këscht ass an huele sech e Stéck Uebst, a mir soen dat och op franséisch an op lëtzebuergesch.

- Mir léieren och eng nei Sprooch kennen...franséisch. Mir héieren, lauschteren, a probéieren fir nozeschwätzen.

- Emol an der Woch geet eis Slackline oder e Klammseel mat. Dëst sinn zwee ganz wichteg Utensilien fir de Kanner Vertrauen a sech selwer ze ginn an awer och fir de Kierper ze stäerken.

- Virun Ouschterdag hu mer zesumme mat eisen Elteren en flotten Fréijoerstour gemaach. Eis Ouschterlidder hu mer zum Beschte ginn, e Poppentheater vum Joséphine am Frederick, d'Geschicht vum Weltenée.

- An der Ouschtervakanz ware mer bei de Bäcker an du bei d'Schoul op d'Spillplaz. Ganz eleng hu mer eis Mëtsche bei der Mme bestallt.

- Fir den éischte Mee gouf e schéine Meekranz gebonnen, an deen hu mer mat an d'Crèche geholl an do ass en un d' Dir gehaange ginn. Mam Secateur hu mer selwer dënn Äscht geschnidden déi mer gebonnen hunn.

- Mir waren och d'Leit aus dem Restaurant ënnen um Eck besichen. Mir hunn e puer Pizzae kaaft an sinn dunn uewenaus op d'Spillplaz gaangen fir se do ze picknicken.

- Wou dunn de Summer esou lues erbäi koum, si mer méi dacks an deen anere Bësch gaangen, well do ass eng Quell déi aus dem Hiwwel kennt. Do gi mer nach ewell ganz gär dra puddelen, eng Bréck bauen, e Staudamm bauen, asw... Et kann een och mat zwee Féiss an d'Waasser sprangen an mat alle Sënner erliewen wéi äiskal d'Waasser och am Summer ass.

- Hannenaus am Bësch ass eng ganz kleng Platz wou Lehmbuedem ass. Mat enger Handschëpp huele mer eis Lehm eraus a formen Bullen oder aner Saachen ad drécken se un d'Beem, a mat klenge Bengelcher, Buchecker, klenge Steng ginn dat grujeleg Monsteren a Männercher déi do un de Beem pechen.

- Op engem grousse platte Steen hu mer en Steenzaithaus gebaut, ëmmer eng Rei Steng an dann erëm Lehm, esouguer e Giewel krut eist Haus. Fir dat Ganzt perfekt a spannend ze machen hu mer mat engem Téiliicht e Lagerfeier am Haische gemaach, fir ze mierken dass mer vergiess haten e Kamäin ze bauen. Faszinéiert hunn di kleng Aen an dat Feier geluusst.

- Mir hunn och e Klooterbam, just en hallwe Meter iwwert dem Buedem. Ewéi kleng Afen hänken se un deenen Äscht, och mol méi héich erop. Spannend ass et fir ze gesinn wéi no a no d'Kierperspannung méi fest gëtt an, dass eis Kanner fit sinn.

- Et gi verschidden Zorte Buedem hu mer festgestallt. Lehm, deen un den Hänn peche bleift, Sand, deen direkt erof geet, an da nach de schwaarze Bëschbuedem, asw.

- Fir ze weisen wéi é Buedem Waasser filtert, hu mer gefierftent Waasser duerch de Buedem lafe gelooss. De Bëschbuedem filtert am beschten. Uewen schëtt een gefierftent Waasser eran, ënnen kennt kloert Waasser eraus.

- Onmoosseg vill Haisercher hu mer am Bësch gebaut, wéi vill Bengelen hu mer do schonn zesumme geschleeft. Den Defi ass ëmmer fir dat Grondgerüst stoen ze behalen, an da gëtt gebaut...

- Esou hu mer och e Katamaran an eng Cargolux gebaut.

- Di éischt Äppel sinn zeideg, a mir hunn di dräi eenzeg vum Bam gekroopt déi drop waren. E bëssi sauer, mee gutt.

- Op der selwechter Wiss si mer du nach den Heesprénger opgespronge, an hunn der esouguer e puer gefaange kritt fir se dann erëm sprangen ze loossen.

 

Di aner Woch geet dat neit Bëschjoër un. Mat neie Momenter, neie Kanner mee mat där selwechter Begeeschterung.

 

 



» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Odile, Karin, Helmut
Nom du groupe Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Nombre d'enfants 16
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue




D' Natur erwächt aus dem Wanterschlof

Projet pédagogique

16.04.2018 - 22.06.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


Eis Aktivitéiten bei dësem Projet:

  • Knospen a Blummen – Faarwen a Formen

Mir beobachten ewéi eng Knosp opgeet. Esou vill verschidde Blieder ewéi et ginn, ginn et och verschidde Knospen.

Mir kenne se mateneen vergläichen... grouss-kleng/laang-kuerz/deck-dënn... a léieren dobäi vill verschidden Faarwen an Formen kennen. Mir drécken se op a kucken ewéi se bannen ausgesinn, an ob ee schonn Blieder erkennt.

Laanscht de Wee, an och am Bësch bléie schonns déi éischt Blummen. Och do wäerte mer eis vun der grousser Vilfalt iwwerraschen loossen. Mir plécken der e Puer, dréchnen se a maachen eis e klengen Herbarium.

  • Insekten – Mir bauen hinnen eng Wunneng (Insektenhotel)

Eis Insekten si nëtzlech Déieren, mee leider si si net iwwerall wëllkomm. Duerfir baue mir hinnen een Ënnerdaach. Mir musse just an een Holzstéck 8 mm Lächer bueren, da kann do z.B. eng Solitärbei wéi d'gehörnte Mauerbiene dra wunne goen an hir Eeër do ofleeën.
No an no wäerte mer eisen Insektenhotel mat kreativen Bauwierker ergänzen.

Fir dass si sech och bei eis wuelfillen séie mer hinnen virun hirem Hotel, deen sech am groussen Virgäertchen vun der Crèche befënnt, e puer Wiseblummen un, déi besonnesch gären vun Béien, Päiperleken a Bommelen besicht ginn.

  • Eis kleng Bamschoul – vum Som zum Beemchen

De Moment kéngt de Som deen d' lescht Joer gefall ass. Mir wëlle mol probéieren ob mer villäicht e puer Eechen oder Buchen a Blummendëppen zille kennen. 
Duerch eis Beemercher, mat deenen mir wuessen, gi mer dann eppes iwwert den Liewenszyklus vun der Natur am Wiessel vun de Joreszäiten gewuer.

  • De Maulef – wéi hien lieft a wat en mëscht

En Déier wat mer nach net esou gutt kennen, ass de Maulef. Mir gesi just seng Kéipercher Buedem déi en dorëmmer am Bësch an an de Stecker opgeheit. Firwat hien dat mëscht wëlle mir emol ergrënnen.

  • Gromperengärtner

Parallel zu eisem Gaardeprojet uewen an eiser Wiss, planze mer Gromperen an groussen Dëppen an Tuten am Virgäertchen vun eiser Crèche. Da kenne mer am Hierscht kucken ewéi sou e Gromperestack am Buedem ausgesäit an eis Gromperen kachen an iessen

  • Villechersgesang

Wa mer ganz roueg sinn, da kenne mer nolauschteren wéi d'Villercher mateneen schwätzen an héieren schonn éischt Ënnerscheeder a Gemeinsamkeeten eraus.

  • Motorikpark

Dësen Projet, deen elo uleeft, leeft iwwer d'ganzt Fréijoer a Summer bis an den Hierscht eran. Uewen am Bësch baue mir eis e Motorikpark (mat der léiwer Ënnerstëtzung vum Fieschter).



» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Odile, Helmut
Nom du groupe Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Mir erliewen, wat nom Wanter alles an der Natur passéiert
Mir léieren vill néi Faarwen an Formen kennen
Mir bauen, planzen a fleegen selwer an mat eise Frënn, Saachen. Dat huet en positiven Impakt ob eist Selbstbewosstsinn a mir an léieren doduerch e léiwen a wäertschätzenden Ëmgang mat der Déieren a Planzewelt
Mir gesinn wéi Grompere wuessen a Beem a Blummen entstinn an entwéckelen dobäi no an no e Sënn fir Zäit (Vergaangenheet an Zukunft) mam Zyklus vun der Natur. 

 

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Förster
Nombre d'enfants 14
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Kuelemolerei

Activité pédagogique

01.03.2018 - 06.03.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


Am Wanter wou et esou kal war, hate mir eis e puer mol Feier gemaach fir eis ze wiermen. A wann een Holz verbrennt, da kritt een Kuelen a mat Kuelen kann ee molen.

Fir d'éischt hu mer ugekuelte Bengele geholl an domat op Steng gemoolt.
Wou mer dunn e bëssi méi déif gesicht hunn, dunn hu mer an den Äschen ganz Stecker Kuel fonnt.
Vu que dass eis Kuele naass waren, konnte mir domat wonnerbar op d'Beem molen.
Genau esou wéi eis Virfahre dat virun ganz laanger Zäit an den Heele gemaach hunn.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Odile, Helmut
Nom du groupe Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Mir gi gewuer wéi Kuel entsteet an wéi een sech domat kreativ betätege kann.
Nombre d'enfants 14
Projet dont l'activité fait partie De Wanter ass do - Januar bis Mäerz am Märchebësch
Champs d'action (max.: 4) Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques




Buergbrennen - mir verjoen de Wanter

Activité pédagogique

22.02.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


                   Gesteiert, gesteiert fir d'Buerg,

                déi al, déi ass derduereg,

                di nei déi gëtt eréischt ugefaang,

                dee näischt gëtt, gëtt drugehaang!

 

Esou hunn d'Jongen aus dem Duerf virun nach net allze laanger Zäit gesongen wann se fir d'Buerg oprafe goungen. Si si mat hirem Jäbbelchen vun Haus zu Haus gaang an hunn alles gesammelt wat brennbar war. Deemools hunn déi Borschten mat Handaarbecht di Buerg opgeriicht. Heiansdo do huet mol e Papp sech erbaarmt an eng Hand mat ugepaakt. An Buergsonndeg ass dann dat Féierwierk ugefaang ginn. Di leschte bestuete Koppel huet dierfen d' Buerg ufänken. D' ganzt Duerf stoung ronderëm di kleng mat vill Häerz opgeriichte Buerg an huet dem Flamendanz nogekuckt.

Mir hunn dëst Joer och eng kleng Buerg opgeriicht a verbrannt, well mir sinn es Leeds mat deem Wanter. Aus der Crèche hu mer dréchend Holz a Kiefferenzaapen mat an de Bësch geholl fir d' Feier unzefänken. Genau dat selwecht Holz wat mer am Summer gesammelt haten a mat an d' Crèche geschleeft hu fir ze bastelen.

Fir d'éischt hu mer zesummen e Krees mat Steng geluecht an doran Pabeier, Kieferenzaapen an Holz opgetässelt. Ganz féx hate mer et um goen, eist Féier, et huet geknistert, gepotert an d'Flamen hu ronderëm d'Holzstécker gedanzt.

Jiddereen de wollt huet dierfen hëllefen Holz opleeën (mam Helmut zesummen). Ganz gebannt hunn eis Kanner dësem Spektakel nogekuckt.

E klengt Experiment hu mer mol ganz niewebäi gemaach. Mir hunn een vun eise Schnéimännercher déi mer den Dach virdrun gebaut hunn, op e Steen bei d' Féier gestallt. Do konnte mer gesinn wéi de Schnéimännchen no a no geschmolt ass, an zergudderläscht just nach säi Bengelchen iwwreg bliwwen ass. Eist J. huet gemengt et wier kee Schnéimännchen, et wier den Olaf!

A wéi dat beim Buergbrennen esou ass, fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt. Mir si mat Kniet a Schockelasmëllech belount gi fir eis Aarbecht.

Et konnt net besser kommen, um Wee fir Heem hu mer e risege Schwarm Hoergäns gesinn an d'Sonn huet geschéngt iwwer Bierg an Dall. De Spiecht klabbert och schonns an d'Straich hu scho ganz kleng Blieder. Dat sinn déi beschte Virbueden fir mi mellt Wieder.

Da waarde mer elo gedëlleg op d' Fréijoer, wat bestëmmt net méi esou wäit ewech ass.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Odile, Helmut
Nom du groupe Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Mir ginn eppes gewuer iwwert en ale Lëtzebuerger Brauch/Traditioun

Mir verdéiwen eist Wëssen iwwer - an eisen Respekt virum Féier

Mir genéissen e gemittlechen, sozialen Moment mat eise Frënn an der Natur

Nombre d'enfants 10
Projet dont l'activité fait partie De Wanter ass do - Januar bis Mäerz am Märchebësch
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Wanter, esou wäit ewéi e kucke kann - Schlitt fueren

Activité pédagogique

12.02.2018 - 23.02.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


Laang hu mer op e gewaart an en huet eis ëmmer erëm gestëppelt, dee kalen Aismann. D'Hieselter, d'Weiden an esou guer d'Krokussen hu scho gebléit, mir hu bal net méi un dat Wonnerwierk gegleeft.

Et schneit, Schnéi Schnéi Schnéi, et gëtt es ëmmer méi. Ganz lues, héich aus dem Himmelssall erof, loossen se sech op d'Äert falen, di Schnéiflacken. Si duckelen sech ganz fest eng un di aner, esou wéi wann se net wéilten eleng op dëser grousser Äert sinn, si si dach ganz friem heiennen. Eng blénkeg wäiss Schnéidecken läit iwwer Bierg an Dall, dem Horizont op d'Moos.

Grouss Aen hu se gemaach, eis Kleng, wou se dee ville Schnéi gesinn hunn. Di kleng Nuesen hunn un der Fënster gepecht, et konnten der bestëmmt e Puer sech net méi un de leschte Wanter erënneren. Ëmsou méi hu si sech gefreet fir an dat wäisst Element spillen ze goen.

Kal... huet den een oder den anere gemengt. Si hu sech vu Begeeschterung bal net méi akruut, wou mer mam Schlitt d'Pist onsécher gemaach hunn.

D'Riicht ze halen war guer net esou einfach, dat huet den een oder aneren ze spiere kritt, dee net aus de Féiss komm ass, ass einfach geméit gi. Dann ass gutt gekickelt gi, d'Kroun (Mutz) geriicht, a weider. Grouss Boboe sinn et keng ginn, well et goung just am Schrëtttempo erof, och wann eis kleng Pisteraudie gemengt hu si wiere ganz séier gerannt.

Em 10.00 eng gutt Zoossissschmier mat engem Becher Téi, dat hält Léif a Séil zesummen.

Och bei deene groussen Schnéihuesen sinn Kandheetserënnerungen erop komm. Di Kleng hunn et sichtlech genoss wou den Helmut, d'Odile, d'Heike an d'Karin sech e Schlitt gekroopt hunn an de groussege Bierg erof geflunn sinn (nach ëmmer am Schrëtttempo, wuelbemierkt).

Eis Kanner kruten es einfach net genuch.

Nach eng Kéier...... ganz séier....... héich erof.......ganz séier...



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Odile, Helmut, Heike, Karin
Nom du groupe Wiichtelland & Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Spaass a Freet um gemeinsamen Spill stoungen bei dëser Aktivitéit ganz kloer am Virdergrond
Nombre d'enfants 24
Projet dont l'activité fait partie De Wanter ass do - Januar bis Mäerz am Märchebësch
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Langue, communication et médias
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




Mir bréngen iech Liicht an d' Haus

Activité pédagogique

02.02.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


Den 2te Daach vum Spierkel ass Liichtmëssdag. D'Fest vum Liicht, eng Uspillung op dat not Fréijoer. Schonn am Mëttelalter hunn d' Kanner déi geseente Käerzen aus der Kierch heem bei d' Leit gedroen, woufir se dann mat e puer Nëss belount gi sinn.

Mir hunn dëst Joer Gebeessglieser mat duerchsiichtegem Pabeier bepäscht, fir eise Noperen an all deene Leit ze schenken déi mer an eisem Alldag mol begéinen.

D'Iddi dohannert ass, dass mer net nëmme bei d' Leit no Séissegkeeten heesche ginn (fréier waren et Speck an Ierbessen), mee mir wëllen hinnen eppes schenken, an zwar Liicht, mir bréngen hinne Licht an d' Haus. 

Zu enger ganzer Rëtsch, hirer 21, si mer de Bierg erop gedréckt. Ee nom aneren vun eise klenge Liichtemännercher huet e Lampion dierfen droen.

Ganz geréiert waren d' Leit wou mer hinnen d'Glas mam Liicht iwwerreecht hunn, haten si dach net domat gerechent.

Schéin ass et ze héieren dass d'Leit aus dem Duerf sech freeën eis ze begéinen oder ze héieren wa mer kommen (anscheinend héiert een eis scho vu wäitem kommen éier een eis gesäit). Esou konnte mer hinnen eng kleng Freed maachen.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Odile, Karin, Natalia, Andréa, Heike
Nom du groupe Wiichtelland & Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) Mir ginn eppes iwwert Traditioun vum "liichte goen" gewuer, iwwert Deelen an aneren eng Freed maachen.
Nombre d'enfants 21
Projet dont l'activité fait partie Wir erleben die Stille
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Inclusion




Beweegungsbaustell

Activité pédagogique

31.01.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


Roud a giel a grëng a blo

Eent zwee drai

Mir sprangen lo....

Ei wéi flott ass et emol vum stiirmeschen Wieder dobaussen ze profitéieren vir an eisem Bewegungsraum d’Turnmaterial a Beschlag ze huelen.

Iwert e Parcours balencéieren, duerch Reefer hoppsen, all eist Material entdecken, zesummentässelen a nei verdeelen. Eis kleng a grouss Reefer den Farwen no beieneen léeen, d’Bäll schéissen a rullen, Foularden an d’Luut geheinen a nees opfänken an einfach zesummen danzen, dréinen, kickele a laachen. Esou gesaït e gelongenen Bewegungsbaustellëmoien aus.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Natalia
Nom du groupe Wiichtelland
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Mir maachen eppes fir eisen Gläichgewiichtssënn, eist Selbstvertrauen, eis Koordinatioun, beschäftegen eis spilleresch mat Faarwen, Zuelen an associativem Denken. Mir trauen eis eppes zou an léieren doduerch eise Kierper besser kennen. An zu gudder Lëscht erfreeë mir eis un dem sozialen Zesummesinn mat eise Frënn.

 

Nombre d'enfants 16
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue




Moieskrees am Wiichtelland

Activité pédagogique

02.01.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


Bevor wir mit unserem morgendlichen Ritual beginnen können darf ein Wiichtelkind das Aufräumglöckchen läuten, das Zeichen um den Spielbereich wieder „schick“ zu machen und zum Morgenkreis überzugehen.

Jedes Kind entscheidet freiwillig, ob es am Morgenkreis teilnimmt oder nicht. Den anderen Kindern stehen währenddessen zwei andere Räume zur Verfügung um weiterzuspielen. Bei schönem Wetter machen wir unseren Morgenkreis drauβen. Wir setzen uns alle gemeinsam auf unsere Morgenkreisdecke und dann geht’s auch schon los. Mit dem Erklingen der Klangschale läuten wir den Morgenkreis ein. Danach zünden wir unsere Morgenkreiskerze an und stellen sie in die Mitte des Kreises. Freiwillig übernehmen die Kinder jeden morgen aufs Neue die kleinen Aufgaben. Die pädagogische Fachkraft begrüβt die kleinen Wiichtel und lässt reihum den Rosenquarzstein durch den Kreis gehen. Durch diese Geste werden die Kinder instinktiv ruhig und wir beginnen mit einem von den Kindern ausgewählten Begrüβungslied, um jedes Kind willkommen zu heiβen.

Einige unserer Begrüβungslieder:

  • Ech hunn e schéine Ball, e wonnerbare Ball, Moien (Numm vum Kand) ech rullen e bei dech! Oder e Kreesspiel „Ech sinn e klénge Schleek“.
  • Mir klapen an eis Hänn, mir patschen op eis Been a stampfe mat de Féiss, well mir eis freeën, Hallo Hallo d'/de (Numm vum Kand) ass do 2x.
  • Bonjour, bonjour tous les matins avec mes copains, bonjour, bonjour, tous les matins je viens (Numm vum Kand).

Wenn alle Kinder begrüβt wurden, wird jetzt auch von denjenigen gesprochen die abwesend sind.

Die Kinder suchen jetzt noch einige Lieder aus unserem Liederbuch aus und wir singen gemeinsam. Auch Bewegungslieder stehen hoch im Kurs.

Danach erhalten die Kinder noch die Möglichkeit etwas von sich zu erzählen und die pädagogische Fachkraft weist die Kinder daraufhin welche geplanten Aktivitäten heute anstehen, diejenigen die möchten können gerne daran teilnehmen oder sich frei in unseren drei Räumen oder drauβen beschäftigen und das damit verbundene autonom gewählte und selbstbestimmte Spiel der Kinder beginnt.

Natürlich flieβen beobachtetes Interessen und Anregungen der Kinder, Ereignisse und aktuelle Gegebenheiten ein. (Bsp. Bewegungsbedürfnis der Kinder, derzeitige Eingewöhnung, bevorstehendes Fest, aktuelle Wetterlage,…) Um den Kindern Sicherheit zu geben, wiederholen sich bei jedem Morgenkreis bestimmte festgelegte Rituale. Kommen Impulse von den Kindern, werden diese in den Morgenkreis integriert und der Ablauf wird spontan angepasst.



» Détails
Type Activité pédagogique
Responsable(s) Heike & Natalia
Nom du groupe Wiichtelland
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

 Der Tagesablauf in der Crèche ist durch wiederkehrende Routinen und vertraute Rituale gekennzeichnet. Es besteht eine immer wiederkehrende Struktur an der die Kinder sich orientieren. Routinen und Rituale geben den Kindern Sicherheit und Verlässlichkeit. Sie unterstützen die Übergänge von einer Situation in die andere. Die Kinder wissen was der nächste Schritt ist, sie wissen welche Entscheidungsmöglichkeiten bestehen und wie sie eine Handlung eigenständig erledigen können.

Durch das Ritual „Morgenkreis“ fühlen sich die Kinder willkommen und angenommen. Sie stellen sich auf die Crèchesituation ein und fühlen sich als wichtiger Teil einer Gruppe, sie fügen sich in einer Gruppe ein und können ihre eigenen Bedürfnisse zurückstellen  (z.B. warten bis man an der Reihe ist).

Gezielt kommt die sprachliche, musikalische und rhythmische Förderung zum Einsatz. (Lieder, Fingerspiele, Gespräche, Einsatz von Instrumenten,…). Sie erleben durch immer wiederkehrende Feste den Jahreskreis und haben Spaβ und Freude am gemeinsamen Tun.

 

 

Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue
Inclusion




Wir erleben die Stille

Projet pédagogique

02.01.2018 - 23.02.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


- Auflistung der Aktivitäten zum Projekt:

Wir haben den Kindern u.A. die Möglichkeit gegeben ;

- „Das laute und das leise Buch“ anzuschauen, den Erzählungen zuzuhören und selbst dazu Geschichten zu erfinden

- Entspannungsmassagen zu erleben und selbst auszuführen

  • Nikolausmassage

  • Ballmassage

  • Mein Lebkuchenmann (interaktive Entspannungsgeschichte)

- Stilleübungen kennen zu lernen und dabei mitzumachen

  • Bewusst in den Winterwald horchen

  • Flötenmusik mit Kerzenschein

  • Klangschalenübungen

- bei Yoga-/+Achtsamkeitsübungen mitzumachen

- aus Kleister und Transparentpapier kleine Windlichter herzustellen

- aus Farbe, Glitzer, und kleinen Dekosternen ganz kreativ schöne Sterne für die Sternennacht zu basteln

- gemeinsam in der Crèche zu übernachten (Sternennacht)

- aus Kleister und Transparentpapier Laternen zu gestalten

- "Liichten" zu gehen

 



» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Heike, Karin & Darlene
Nom du groupe Wiichtelland
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Warum haben wir das Projekt ins Leben gerufen?

Durch das Beobachten der Kinder, fiel uns in letzter Zeit vermehrt auf, dass einige Kinder lauter und unruhiger waren als sonst. Es fiel ihnen schwerer zur Ruhe zu kommen und die Stille als wohltuend zu erfahren. Mit diesem Projekt möchten wir den Kindern vielfältige Möglichkeiten aufzeigen wie sie sich von Reizen, Lärm und Anspannung zurückziehen können.

Aufmerksames Hören und ruhige Bewegungs- und Ruhephasen unterstützen den Stressabbau und tragen zum Wohlbefinden durch Ausgeglichenheit bei.

 

Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




De Wanter ass do - Januar bis Mäerz am Märchebësch

Projet pédagogique

02.01.2018 - 31.03.2018
publié par Jo Hurt
visible au public


E puer vun den Saachen, déi mir vun Januar bis Mäerz am Märchebësch erlieft hunn:

 

  • Spueren am Bulli:

Well kee Schnéi do war hu mir musse Spuren am Bulli sichen, a mir hunn der esou guer fonnt; Réispuren an Päerdsspuren.

  • Mir gi liichten:

Op Liichtmëssdag ware mer liichten. Eis Noperen an all déi Léit am Duerf, déi mer kennen ware frou fir eis ze gesinn. Mir hunn hinnen eis selwergebastelt kleng Gliesercher mat Téiliichter geschenkt a keng Kamelle geheescht.

  • Schnéiengelen:

War de Schnéi dunn endlech och bei eis ukomm, hu mer séier profitéiert. Schnéiengelcher hu mer gemaach, wat net esou einfach war. D'Koordinatioun vun Been an Ärem ass komplizéiert. 

  • Schlitt fueren:

Ei wat hu mir eis am Gaart vun der Crèche amuséiert wou endlech genuch Schnéi léie bliwwen ass fir sou richteg schéin mam Schlitt ze fueren. Ëmmer nees hu mer eis Gefierer den Hiwwel erop gezunn an sinn en uschléissend mat vill Freed erëm erof „geflunn“.

  • Stärennuecht an der Crèche:

Wéi all Joer hunn “déi Grouss” nees eng flott a spannend Nuecht an der Crèche verbruecht. Nom gesellegen Owesiessen goufen nach Äisexperimenter preparéiert an uschléissend ass d’Haus mat der Täscheluucht  no selwer gebastelten Stären duerchsicht ginn. Nodeems se all opgedriwwen goufen, si nach Spiller gemaach ginn. No der Owesroutine gouf et nach eng spannend Gutt-Nuecht-Geschicht a dunn gouf sech an den Schlofsak agemummelt. Moies nach d’Experimenter erfuerscht an dunn gemittlech zesummen gefrühstückt.

  • Zu eisem Projet iwwert déi 4 Elementer:
 - Waasser:

    -Mat Hëllef vun enger Pipett hu mer mat Waasserfaarf de Schnéi gefierft.

    -Bei eiser Stärennuecht, hu mer Owes, éier et däischter ginn ass allerhand Saachen, z.B. Pärelen, Fiederen, Knäpp an Telleren mat Waasser gemaach, an dëst Waasser dunn fréiere gelooss. An den aneren Daach hu mer d'Äis eraus geholl an du konnte mer eis Saachen duerch d'Äis kucken a bestaunen.

    -An eisem Gaart hu mir Äis an villen verschiddenen Formen fonnt an ënnersicht an domat vill kleng Entdeckungen gemaach.

    -Eisen Schnéimännchen stoung ze no beim Feier… esou hu mer konnte gesinn wat doduerch mat him geschitt ass.

 - Äerd:

    -Mat Bulli an Bengelen hu mer Männercher gemaach. Eng Bull aus naassem Buedem an e puer Bengelcher, eng Eechekapselen fir d'Aen an d'Nues, a fäerdeg ass eise Wiichtel.

    -Mir hunn eise Wiichtelcher an Elfen awer och e schéint Bullisduerf gebaut an deem si elo tëscht de Wuerzelen vun den décken, alen Beem am Bësch Doheem sinn.

    -Genau esou wéi eis Virfaren, d'Urmënschen hu mir selwer Faarwen aus Naturmaterial gemëscht. Sandsteen a Kuelen si ganz reng geraaspelt ginn an dunn hu mer dëse renge Stepps mat engem Ee gemëscht fir domat d'Beem an d'Fielsen ze bemolen.

 - Loft:

    -Mir hunn verschidden Materialien op d’Beem gehaange an deem Wandspill emol méi genau nogekuckt. Sou war et eis méiglech d’Loft emol anescht wouer ze huelen.

    -Duerch eist klengt Wandspill op den Äscht konnte mer souguer erkennen aus wéineger Richtung de Wand geblosen huet. A wann mer ganz roueg waren, hu mer souguer héieren, wéi en d’Blieder vun de Beem zum Raschelen bruet huet.

 - Feier:

    -Fir de Wanter dunn nees ze verjoen hu mer d'Buerg verbrannt. Mat engem Knuet an engem Becher Schocki souze mer op der Grillplaz em eist Féier an hunn dem Flammendanz nogekuckt.

    -Mat de Kuelen vun eisem Buergbrennen hu mer gemoolt. Déi waren e bëssi naass, dat goung dunn esou richteg gutt. 

    -Mir hunn och selwer kleng Faarwen aus Äscht gebastelt an domat Kuelenfaarwen hiergestallt. Eis domadder géigesäiteg a selwer bemolen huet eis besonnesch vill Spaass gemaach.



» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Odile, Darlene, Helmut
Nom du groupe Märchebësch
Âge 2-3 ans
3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Mir léieren al Lëtzebuerger Bräich an Traditiounen kennen (Liichten, Buergbrennen,...)

Mir erliewen mat allen Sënner di 4 Elementer an erweideren eist Wëssen an eisen Wuertschatz an dësem Beräich. D’ Spillen mat den Urspill-Materialien féiert dozou, dass mir eis nieft dem Kreativen Beschäftegen an der Freed dobäi och mat eiser Bannewelt; mat eisen Gefiller, negativen awer och positiven Emotiounen auseneen setzen. (Angscht, evtl. souguer Eekel, Freed,...) Mir léieren den Ëmgang mat - an den Respekt virun den Elementer.

Mir ginn gestäerkt aus der Erfarung ervir, eng Nuecht mat eise Frënn ausserhalb vun eisem Familljenhaus verbruecht ze hunn.

Déi vill Graff- a Feinmotoresch Beweegung bei dëse Projeten (molen, Schlitt fueren, Schnéiengelen maachen, Matschwiichtelen formen a.v.m.) kennt eiser Koordinatioun an eisem Kiierpergefill zegutt.

Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias
Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé
Sciences et techniques
Education plurilingue
Inclusion




first previous next last